SEVERA

Dësen elegante Produit zeechent sech duerch seng besonnesch Feinheet an aromatescher Raffinesse aus. Am Ufank vun dësem Produkt steet en eegens dofir hiergestallte Wäin, deen no enger Rouhphase distilléiert gëtt.  

Wärend 5 Joer räift dëse Wäibrand am Eechefaass.


Net nëmmen d'Faarf erënnert staark un de bekannte Brand aus Frankräich, mee och de Goût bestécht duerch seng aromatesch Rengheet an der eleganter Vanill-Nout bei 45° vol. Alkohol.


Zerwéiert an engem Tulpeglas bei 18-20° Celsius (an eventuell enger gudder Zigar) kann een dëse "Wäibrant" am beschte genéissen.

MVP

De Marc de Vin de Paille ass eng natierlech séiss Drëpp aus den eedele Korinte vun Traminer - Vin de Paille - Drauwen. 

D'Produktioun vum Stréihwäin / Vin de Paille léisst d'Korinte mat engem beispillhaften Zockergehalt zréck vun iwwer 100° Oechsle.

Dës Drauweschuele gi vun der Hand vun de Stiller gebotzt an aussortéiert a verbréngen eng intensiv Nuecht an engem eegens dofir gebrannte Marc. Den natierlechen Zocker an déi gehaltvoll Fruuchtarome vum Vin de Paille verbannen sech zu engem verféiereschen héichprozentegen Elixir. 

Opgrond vun deem natierlechen Zocker kann eng Depotbildung ni ganz ausgeschloss ginn.

Vieux Marc 

en fût de chêne


 Mir loossen eise Marc de Pinot Gris 3 Joer an Eeschefässer räifen. 

Dës Veredelungsmethode, déi aus der Cognac-Hierstellung bekannt ass, gënnt dem Distillat eng eenzegaarteg Rouphase fir sou e ronne Goût ze entwéckelen an d'Toastarome vum Eechefaass opzehuelen. 
Sou entwéckelen sech d'Drauwenaromen zu engem feinen a harmoneschen Distillat mat dem bekannte Charakter vun engem Tresterbrand.