M.Gin
Den éischte Lëtzebuerger Gin aus eegen hiergestalltem Alkohol aus 100% Lëtzebuerger Drauwen. Basis ass Drauwemarc deen extra fir d'Hierstellung vun dësem Gin neutraliséiert an dann op de Maximum héich gebrannt gëtt. No enger längerer Rouhphase gëtt an der zweeter Distillatioun den Gin gebrannt. Wakelter an eng ausgeräifte Mëschung aus 14 Kraider gi bei der zweeter Distillatioun am Brennkessel gereechert a ginn hei de finalen Gin-Goût.
Heen ass e Stéck Musel an der Ginkultur an dreet houfreg den Numm vu sengen Originnen op der Broscht: Marc, Maacher a Musel.
Heen ass e ganze Mann, mat engem markanten éischten Androck an engem imposanten a kraaftvollen Ofgang.
M'elle Gin
Di méi douce Partnerin ass d'M'elle Gin, aus eegen hiergestalltem Alkohol aus 100% Lëtzebuerger Mirabellen. D'Mirabellen, déi héich gebrannt, an uschléissend neutraliséiert ginn erschafen eng harmonesch an douce Basis.
Och fir dësen Gin si speziell Gewürzer zesummegestallt ginn, déi gemeinsam mam Wakelter en harmoneschen Gin-Goût ervirbréngen.
D'Melle ass douce an der Nues, harmonesch an elegant am éischte Goût, an awer mat engem charaktervollen Ofgang.
Och si dréit den Numm vun hirer Hierkonft, der Mirabelle.